Quantitéiten erfaassen – Eng Zuelelinn am Kapp?

Learn Blog

Quantitéiten erfaassen – Eng Zuelelinn am Kapp?

Wéi weess een, datt eng Dosen Eeër der méi si wéi eng hallef Dosen Eeër? Wann een an d’Schoul gaangen ass (oder geet), kann een di 2 Quantitéiten ofzielen an da vergläichen. An da stellt ee fest, datt 12 méi grouss ass wéi 6, well een dat esou geléiert huet.

Mä et kann een awer och einfach ganz kuerz kucken, di 2 Quantitéite graff ofschätzen an da feststellen,  datt  an der Dose méi Eeër sinn, wéi an der hallwer Dosen.

Schätze klappt esouguer, wann d’Eeër all verschidde Formen a Gréissten hunn (z.B. wa Strausseneeër  a Perrucheneeër matenee vermëscht sinn). A schätze kënne souguer och scho  Puppelcher,  déi  grad  op  d’Welt  komm  sinn,  wéi  och Raten oder Dauwen.  Mä  schätze  klappt  nëmmen,  wann  den  Ënnerscheed  tëschent  den  2  Quantitéite  grouss  genuch  ass. Fir erauszefannen, datt op engem Koup vu 24 Eeër der méi si wéi op engem Koup vun 23 Eeër, muss een d‘Eeër zielen. Well esou präzis sinn eis Schätzkapazitéite (leider) net. No villen Experimenter, an deenen d’Versuchspersounen hu misste Quantitéiten an Zuele vergläichen, hu Psychologie-­ a Gehierfuerscher erausfonnt, datt mir eis warscheinlech d’Zuelen an d’Quantitéite wéi eng Linn virstellen, op där di kleng Quantitéiten an Zuele lénks an di grouss riets ugesidelt sinn. Dofir och de Begrëff vun der “mentaler Zuelelinn”. Di genee Form vum Zuelen-­ a Quantitéitsbegrëff ass anescht fir all Persoun. Mä op dëser mentaler Zuelelinn kënne mir eis all di kleng Quantitéite méi  präzis virstelle wéi di grouss. A wa mir an enger Kultur liewen an där vu lénks no riets geschriwwe gëtt, da si fir di meescht vun eis di kleng Zuelen éischter lénks an di grouss éischter riets ugesidelt.

Méi zum Thema fannt der hei: Adventskalenner Nr. 4

Dëst ass den zweeten Artikel vun eisem Adventskalenner 2019. Dir fannt en och an der Ausgab #1 vum LEARN Newsletter (2012): https://learn.uni.lu/newsletter/

Adventskalenner 2019

Nr. 2

claire