Wat ass Underachievement?

Learn Blog

Wat ass Underachievement?

Vun « Underachievement » – op Däitsch och « Minderleistung » – schwätze mer dann, wann e Schüler seng kognitiv Fäegkeeten an der Schoul net an entspriechend Leeschtungen ëmsetzt.

Leider bleift d’Potential vun dëse Kanner oft onerkannt. Wann engem Schüler seng schoulesch Resultater konstant schlecht bis mëttelméisseg sinn, da gëtt fir d’Zukunft och net méi vun him erwaart. D’Grënn fir Diskrepanzen tëscht kognitivem Potential an der beobachtbarer Leeschtung kënne villfälteg sinn. Oft hänkt de Problem mat perséinleche Mierkmoler wéi zum Beispill der Léier- a Leeschtungsmotivatioun oder mat Gewëssenhaftegkeet zesummen. Et ass och méiglech, dass de Schüler sech ni eng favorabel Léierstrategie ugëeegent huet, oder dass Konzentratiounsproblemer bestinn.

An engem méisproochege Kontext kënnt dann nach derbäi, dass Kanner, déi doheem eng aner Sprooch schwätze wéi d’Schoulsprooch, vun Ufank un eng Rei zousätzlech Hürde musse bewältegen fir hiert Potential ze entfalen. Net jiddwerengem geléngt dëst ouni geziilt Ënnerstëtzung.

Fir Fäll vun « Underachievement » fréizäiteg opzedecken ass et engersäits néideg, dass Enseignanten doranner geschoult ginn fir Verhalensweisen ze erkennen, déi mat dësem Phänomen associéiert sinn. Anerersäits ginn Tester gebraucht, déi et erméiglechen kognitiivt Potential op eng méiglechst fair Aart a Weis (ënnert anerem also onofhängeg vun der Sprooch) ze erfaassen.

Den Text ass vum Claire Muller.

Dëst ass de véierzéngten Artikel vun eisem Adventskalenner 2019. Dir fannt en och an der Ausgab #7 LEARN Newsletter (2018): https://learn.uni.lu/newsletter/

Adventskalenner 2019

Nr. 14

claire

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *