D’Benennungsvitess vu Vokale beaflosst d‘Liesflëssegkeet am Cycle 2.1

Learn Blog

D’Benennungsvitess vu Vokale beaflosst d‘Liesflëssegkeet am Cycle 2.1

D’Benennungsvitess vun abstrakte Symboler (RAN, rapid automatized naming) wéi z.B. Buschtawen, Faarwen an Zifferen ass nieft der phonologescher Bewosstheet e wichtege Predikter fir d‘Liesflëssegkeet vu Kanner virauszesoen.

Allerdéngs ginn et wéineg Studien déi gekuckt hu wéi eng Symboler (z.B. Zuele versus Buschtawen) d‘Liesflëssegkeet am beschte viraussoen. An eiser Studie hunn 120 Kanner aus dem 1. Schouljoer Bennenungsaufgabe mat Zifferen (1-5), Vokalen (A I U O E) Konsonanten (C, L, K, P, R) Wierfelbiller (1-5), Fangerzuelbiller (1-5), a Faarwen (rout, blo, …  ) gemaach. Virun allem dat séiert Benenne vu Vokaler seet d‘Liesflëssegkeet staark viraus.

E kognitiven Entwécklungsscreening soll esou vill ewéi méiglech Informatiounen iwwert engem Kand säi kognitive Profil ginn a virun allem bei jonke Kanner déi sech manner laang konzentréiere kënnen, zousätzlech kuerz sinn. Et schéngt dofir wichteg dass d‘Fuerschung verschidden Aufgaben an hier Formater evaluéiert a vergläicht fir déi opschlossräichst Aufgaben ze identifizéieren, déi schoulesch Kompetenze viraussoe kënnen.

Eis Resultater ënnersträichen, dass et wichteg ass, mat Kanner déi „à risque“ si Liesschwieregkeeten ze entwéckelen, nieft anere kognitive Prozesser och nach d‘Benennungsvitess vu Vokalen ze ënnersichen, fir eventuell Schwäche besser ze verstoen.

Dëst ass den zéngten Artikel vun eisem Adventskalenner 2019. Dir fannt en och an der Ausgab #7 vum LEARN Newsletter (2018): https://learn.uni.lu/newsletter/

Adventskalenner 2019

Nr. 10

claire

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *