Vu Buschtawen an Zuelen am Gehier

Learn Blog

Vu Buschtawen an Zuelen am Gehier

Buschtawen an Zuele si visuell Formen déi eréischt duerch (schoulescht)Léieren ee ganz spezielle Sënn kréien.

Fir eis Erwuessener ass et evident dass d’Buschtawen an Zuelen zwou verschidde Kategorië sinn, mee Kanner mussen des Kategorisatioun eréischt léieren.

Mir wollten erausfanne wéi Buschtawen an Zuele vum Gehier verschafft ginn a wéi dëse Prozess sech entwéckelt. Mat Hëllef vun Electroenzephalographie (EEG) hu mir dofir d’Gehieraktivitéit gemooss wéi Kanner (Cycle 2.1) an Erwuessener kuerz Sequenze mat Buschtawen an Zuele gekuckt a verschafft hunn.

Bei all de Versuchspersounen hu mer Aktivitéit am hënneschten Deel vum Gehier observéiert, do wou och am allgemenge visuell Informatiounen ukommen a verschafft ginn. Bei de Kanner hunn d’Buschtawen déi lenks an d’Zuelen déi rechts Gehierhallschent méi staark aktivéiert. Bei den Erwuessene konnte mer awer keng Lateralisatioun méi beobachten, well souwuel Buschtawe wéi Zuelen déi riets Gehierhalschent méi staark aktivéiert hunn. Interessanterweis konnte mer du nees eng lénkssäiteg Lateralisatioun fir Buschtawe beobachte wa mer d’Buschtawe net eenzel mee a klenge Gruppe vu 4-5 (z.B. HTUE) presentéiert hunn.

Des Etüd bréngt eis éischt Informatiounen iwwert de Prozess vum Buschtawen an Zuele léieren. Am zweeten Deel vun dësem Projet wäerte mer méi genee ënnersiche wéi d’Gehier vu Kanner a verschiddenen Entwécklungsstadien (z.B. Cycle 2.1 – 4.2) Buschtawen an Zuele verschaffen an ënnerscheede léiert.

Den Text ass vum Christine Schiltz.

Dëst ass de fofzéngten Artikel vun eisem Adventskalenner 2019. Dir fannt en och an der Ausgab #7 LEARN Newsletter (2018): https://learn.uni.lu/newsletter/

Adventskalenner 2019

Nr. 15

claire

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *