Wat si kognitiv neurowëssenschaftlech Fuerschungsmethoden?

Learn Blog

Wat si kognitiv neurowëssenschaftlech Fuerschungsmethoden?

Kognitiv neurowëssenschaftlech Fuerschungsmethoden si Methoden, déi et erlaben ze verstoen, wéi Denkprozesser oflafen a wéi eist Gehier se steiert.

Typescherweis ginn zum Beispill d’Vitesse an d’Feelerquote gemooss, wann eng Versuchspersoun eng spezifesch Aufgab léist. Oft ginn och bildgebend Verfare gebraucht, wéi d’Electroencephalographie (EEG) oder déi funktionell Magnéitresonanztomographie (fMRI). Eng aner Method, déi et scho ganz laang gëtt, besteet doraus, Patiente mat lokaliséierte Verletzunge vu bestëmmten Deeler vum Gehier ze ënnersichen, wann se spezifesch Aufgabe léisen. Et gëtt zënter e puer Joer och Methoden, déi et erlaben, wärend enger kuerzer Zäit kleng Deeler vum Gehier ze inaktivéieren an dann ze ënnersichen, wéi d’Versuchspersounen an där Situatioun spezifesch Aufgabe léisen. Mat all dëse Methode versiche mer ze verstoen, wéi eng Roll déi verschidden Deeler vum Gehier beim Verhalen an Denke spillen. Lues a lues erlaben si eis en Iwwerbléck ze kréien iwwer d’Funktioune vun alle Gehierdeeler an iwwer hiert Zesummespill.

Dëst ass den éischten Artikel vun eisem Adventskalenner 2019. Dir fannt en och an der Ausgab #6 vum LEARN Newsletter (2017): https://learn.uni.lu/newsletter/

Adventskalenner 2019

Nr. 1

claire