Ween huet Angscht virun der schwaarzer Zuel?

Learn Blog

Ween huet Angscht virun der schwaarzer Zuel?

Mathematik a Rechne sinn abstrakt Prozesser, déi op formalen Denkprozesser a Konzepter berouen.

Nieft dëse kognitiven Aspekter kann d’Mathe awer och en Afloss op eis Gefiller an eise Gemittszoustand hunn. Ee besonnesch interessanten, awer och potentiell héich problemateschen Aspekt an dësem Kontext ass d’Mathesangscht.

Mathesangscht beschreift den Zoustand, dass Zueleverschaffen a Situatiounen, déi mathematescht Denke verlaangen, bei verschiddene Persounen Emotiounen ervirruffen, déi hir Leeschtung stéiert a manner gutt mécht.

Fir besser ze verstoen, wéi Mathesangscht mat anere kognitiven Aspekter vun eisen Zuelefäegkeeten zesummenhänkt, hu mir 86 jonk Erwuessener mat verschiddene numereschen, raimleche Gediechtnes- an Opmierksamkeetsaufgabe getest a mir hunn och hir Mathesangscht gemooss.

Et huet sech erausgestallt, dass Versuchspersoune mat méi héijer Mathesangscht net nëmme manner gutt arithmetesch Fäegkeeten hunn, mee och bei ganz einfachen Zuelenaufgaben (z.B. ass 3 méi grouss oder méi kleng wéi 5?, Ass 7 gerued oder ongerued?) liicht anescht virginn wéi eis Versuchspersounen ouni Mathesangscht. An deenen aneren, méi allgemengen Aufgabe konnte mir keen Ënnerscheed feststellen, dee bei dësem Grupp vu jonken Erwuessene mat der Mathesangscht géif zesummenhänke. Déi eenzeg Ausnam war hei en Test iwwer d’Fäegkeet, spontan Äntwerten ze ënnerdrécken, an deem d’Leit mat méi héijer Mathesangscht manner gutt ofgeschloss hunn.

Dës Resultater weisen, dass Mathesangscht net nëmmen d’Léise vu méi komplexen Zuelenaufgabe beaflosst, mee och scho bei ganz einfachen, elementaren Zuelenaufgaben eng Roll spillt.

Den Text ass vum Carrie Georges a vum Christine Schiltz.

Dëst ass de siwwenzéngten Artikel vun eisem Adventskalenner 2019. Dir fannt en och an der Ausgab #5 LEARN Newsletter (2016): https://learn.uni.lu/newsletter/

Adventskalenner 2019

Nr. 17

claire

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *