Vum Liesen zum Liesverstoen

Learn Blog

Vum Liesen zum Liesverstoen

Liesen bezeechent de Basisprozess duerch dee geschriwwe Sprooch a geschwate Sprooch verwandelt gëtt.

Fir e neit Wuert ze liese muss ee Buschtawe(gruppen) erkennen, déi richteg Lauter dozou ofruffen an dës matenee verbannen. Dëst gëtt och Dekodéieren genannt.

Beispill:

’Maulef’ besteet aus de Buschtawen:

M – AU – L – E – F

Zu all Buschtaf muss een de /Laut/ fannen:

/m/ + /æːʊ̯/ + /l/ + /ə/ + /f/

Dës Lauter muss een duerno richteg zesumme setze fir /mæːʊ̯ləf/ ze liesen.

Schreiwen oder Rekodéieren ass allgemeng méi schwiereg dofir schwätzt ee vun enger Asymmetrie tëscht Liesen a Schreiwen.

Liesverstoen ass e komplexe Prozess, wou een den Zesummenhang tëscht dem Wuert/Saz (z.B. Maulef/De Maulef lieft ënnert dem Buedem.) a senger Bedeitung mécht. De Wuertschatz vun engem Lieser spillt hei eng wichteg Roll. Doriwwer eraus mécht e kompetente Lieser awer och Verbindunge mat Virwëssen, wat d’Liese vum weideren Text ka vereinfachen, well e sech verschidde Wierder kann erwaarden (z.B. De Maulef ësst Wierm.), e setzt den Text an e Kontext (z.B. Thema „Bëschdéieren“) an notzt säi Verständnis vun der Struktur vum Saz (z.B. fir ze verstoen, datt de Maulef Wierm ësst an net d’Wierm de Maulef).

Änlech wéi bei der Asymmetrie tësche Liesen a Schreiwe fuerderen Textproduktioune méi kognitiv Ressource wei Liesverstoen (z.B. Iddien a Wieder faassen an eng Suite plangen).

Den Text ass vum Sonja Ugen.

Dëst ass den zweeleften Artikel vun eisem Adventskalenner 2019. Dir fannt en och an der Ausgab #7 vum LEARN Newsletter (2018): https://learn.uni.lu/newsletter/

Adventskalenner 2019

Nr. 12

claire

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *