Wat ass Dyscalculie?

Learn Blog

Wat ass Dyscalculie?

Dyscalculie ass eng Léierschwieregkeet, déi virun allem mathematesch Léierprozesser betrëfft. 

Déi Kanner an Erwuessener, déi ënner Dyscalculie leiden, hu Problemer, fir elementar arithmetesch Fakten ze verstoen an ze léieren. Si hunn och Problemer mam Ofzielen a si di sech schwéier domadder arithmetesch Prozeduren ze beherrschen.

Bei villen Dyscalculie-­Fäll schéngt déi mental Zuelelinn anescht ze si wéi bei deene Leit, déi net mat dëser Léierschwieregkeet musse kämpfen. Mir wëssen och, datt d’Aarbechtsgediechtnes oft net optimal fonctionéiert. An deem Fall hunn déi betraffe Kanner an Erwuessener am Allgemenge méi Schwieregkeeten, fir nei Informatiounen e kuerze Moment laang ze verhalen an am Kapp mat dësen Informatiounen ze schaffen. Vill Kanner mat Dyscalculie fannen et och ganz schwiereg, Zuelesymboler (z.B. 12) op eng Quantitéit ze setzen (z.B. eng Dosen Eeër). Si sinn dann natierlech och méi lues a maache méi Feeler, wa si mat dësen Zuelesymboler musse schaffen (z.B. fir ze soe wéi eng Zuel vun “9” a “6” méi grouss ass).

Dëst ass den eeleften Artikel vun eisem Adventskalenner 2019. Dir fannt en och an der Ausgab #1 vum LEARN Newsletter (2012): https://learn.uni.lu/newsletter/

Adventskalenner 2019

Nr. 11

claire

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *