Raimlecht Verständnis vun Zuelen ënnerstëtzt beim Rechnen

Learn Blog

Raimlecht Verständnis vun Zuelen ënnerstëtzt beim Rechnen

Mëttlerweil hunn eng ganz Rei u wëssenschaftlechen Etüde bewisen dass mir abstrakt Zuelebegrëffer mam Raum associéieren. Kleng Zuele ginn dobäi éischter mat der lénker Säit vum Raum a Verbindung bruecht, woubäi grouss Zuelen éischter mat Riets verbonne ginn.

Dëst Phänomen vun der Zuel-Raum Associatioun ass net nëmme bei Erwuessenen, mee och bei klenge Kanner an esouguer bei Puppelcher nogewise ginn. (Méi dozou hei: Adventskalenner Nr. 2)

Mir hunn eis doropshin d’Fro gestalt a wéi fern dat raimlecht Verständnis vun den Zuelen eis beim Rechneléieren ënnerstëtze kann. An enger Etüd mat 55 Kanner aus dem drëtten Zyklus hu mir ënnersicht op d’Stäerkt vun der Zuel-Raum Associatioun eppes iwwert d‘Fäegkeet fir arithmetesch Aufgaben ze léisen aussoe kann. Dobäi ass eraus komm dass virun allem bei deene méi jonke Kanner am éischte Joer vum Zyklus 3 eng méi staark Zuel-Raum Associatioun mat besseren arithmetesche Fäegkeete verbonnen ass.

D’Stäerkt vun der Zuel-Raum Associatioun hat awer keen Afloss méi op d’Kompetenz am Rechne bei deene méi ale Kanner. Dës Resultater loossen eis schléissen dass e raimlecht Zueleverständnis eis am Ufank hëlleft arithmetesch Aufgaben ze verstoen an doduerch besser léisen ze kënnen. Wann eist Verständnis vum Rechne méi spéit am Laf vun eiser Schoulkarriär awer bis gefestegt ass, da baséiere mir eis manner op d‘Associatioun vun der Zuel mam Raum. Spilleresch Aktivitéiten déi dat raimlecht Zueleverständnis bei Kanner fërdere wieren also eventuell eng interessant Pist fir jonk Kanner beim Rechneléieren ze ënnerstëtzen.

Dëst ass de véierten Artikel vun eisem Adventskalenner 2019. Dir fannt en och an der Ausgab #7 vum LEARN Newsletter (2018): https://learn.uni.lu/newsletter/

Adventskalenner 2019

Nr. 4

claire

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *