Wat ass d’Aarbechtsgediechtnes?

Learn Blog

Wat ass d’Aarbechtsgediechtnes?

D’Aarbechtsgediechtnes ass eng grondleeënd mental Funktioun, déi eng Rei vu mentalen Aktivitéiten ënnerstëtzt, wéi z.B. d’Rechnen an d’Liesen. D’Aarbechtsgediechtnes erméiglecht eis et eng limitéiert Unzuel vun Informatiounen iwwert eng kuerz Zäit ze verhalen an ze benotzen.

Beim Kapprechne vu 37 + 24, musse mer eis zum Beispill fir d’éischt d’Rechnung mierken, an da musse mer op eng Rechestrategie zréckgräifen, d’Zuelen zerleeën an d’Tëscheresultater verhalen, fir dann d’Endresultat ze fannen.

D’Kapazitéit vum Aarbechtsgediechtnes ass dohier och e gudden Indicateur fir Schoulerfolleg.

Den Text ass vum Caroline Hornung.

Dëst ass de siechzéngten Artikel vun eisem Adventskalenner 2019. Dir fannt en och an der Ausgab #2 LEARN Newsletter (2013): https://learn.uni.lu/newsletter/

Adventskalenner 2019

Nr. 16

claire

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *