LEARN stellt sech vir

Learn Blog

LEARN stellt sech vir

Wëllkomm zum éischte Bäitrag an eisem neie LEARN-Blog. LEARN ass d’Ofkierzung fir Learning Expertise And Research Network, dëst heescht souvill wéi „Léier Expertise a Fuerschungsnetzwierk“. Mir sinn e Grupp vu Wëssenschaftler a Praktiker, déi sech fir Léierprozesser intresséieren. D’Zil vun dësem Netzwierk ass en Austausch vu verschiddenen Acteuren (Fuerschung, Schoul, Therapie, Elteren), déi sech mam Léiere befaassen.

Eis Fuerschung leeft haaptsächlech op der Universitéit Lëtzebuerg an Zesummenaarbecht mat lëtzebuergesche Schoulen, dem Unterrechtsministère an internationalen Unien of. Mir intresséieren eis besonnesch fir di neurokognitiv Prozesser beim Léieren. Dëst si mental Virgäng, wéi zum Beispill Exekutivfunktiounen, Gediechtnes a phonologesch Prozesser, di d’Kanner brauchen, fir kënnen effizient ze léieren. Mir erfuerschen och dat, wat an der Entwécklung vun dëse wichtege Prozesser ka schifgoen: Firwat leide verschidde Kanner zum Beispill un enger spezifescher Léierschwieregkeet? Fir dës Léierprozesser besser ze verstoen, benotze mir eng Rei vu Methoden: Mir maachen ënner anerem kognitiv Tester mat Kanner an de Schoulen oder moosse méi direkt wéi d’Gehir schafft mat Gehirstréimmiessung (EEG) a Magnéitresonanz (fMRI).

Fir datt all interesséiert Acteuren Zougang zu eise Resultater kënnen hunn, gouf 2012 de LEARN-Newsletter an d’Liewe geruff. Zënterhier erschéngt all Joer eng nei Ausgab! 2014 ass d’Initiativ vum Fonds National de la Recherche mam ”FNR Award for the Outstanding Promotion of Science to the Public” honoréiert ginn. Ënnert dem folgende Lien kënnt dir alleguerten d’Editiounen eroflueden: https://learn.uni.lu/newsletter/

Op dësem Blog deele mir eis Artikele mat iech, halen iech iwwer relevant Veranstaltungen um Lafenden, a ginn och soss Neiegkeeten aus eisem Secteur weider.

Fuerschung ass net méiglech ouni d’Ënnerstëtzung vun de Schüler, de Léierpersounen, den Elteren, den Inspekteren, de Schoulen an aneren Institutiounen. Hinnen op dëser Plaz e grousse Merci!

claire