Wéi hänken Aarbechtsgediechtnes an Intelligenz zesummen?

Learn Blog

Wéi hänken Aarbechtsgediechtnes an Intelligenz zesummen?

Dëser Fro gi FuerscherInne säit iwwer 20 Joer no. Den Zesummenhang tëscht Aarbechtsgediechtnes an Intelligenz ass virun allem bei Erwuessenen ënnersicht ginn.

Ëmmer erëm konnt e staarken Zesummenhang tëscht Aarbechtsgediechtnes a fluider Intelligenz gemooss ginn. An der kognitiver Psychologie gëtt tëscht fluider a kristalliner Intelligenz ënnerscheet. Déi fluid Intelligenz kann een als déi Form vun Intelligenz beschreiwen, déi eis erméiglecht, nei Problemer erfollegräich ze léisen an nei Léisungsweeër ze fannen. Et gëtt och als mentaalt Potential verstanen, dat wichteg ass fir ze léieren. Déi kristallin Intelligenz representéiert anerersäits d’Wëssen an d’Fäegkeeten, déi e Mënsch sech iwwert d’Zäit, d’Schoul an d’Erfarungen ugëeegent huet. Dohier gi vill FuerscherInnen dovunner aus, datt sech déi kristallin Intelligenz iwwert Zäit entwéckelt bis an den Erwuessenenalter, woubäi déi fluid Intelligenz sech bis an de Jugendalter entwéckelt an da stabiliséiert. Déi fluid Intelligenz hänkt deemno staark mat anere mentale Funktiounen zesumme wéi z.B. d’Aarbechtgediechtnes an aner exekutiv Prozesser. Dës Funktioune si fir d’Informatiounsbeaarbechtung zoustänneg, wa Problemer an Aufgabe geléist solle ginn.

Dëst ass den drëtten Artikel vun eisem Adventskalenner 2019. Dir fannt en och an der Ausgab #4 vum LEARN Newsletter (2015): https://learn.uni.lu/newsletter/

Adventskalenner 2019

Nr. 3

claire