Wat ass den Ënnerscheed tëscht “simultaner” a “sukzessiver” Méisproochegkeet?

Learn Blog

Wat ass den Ënnerscheed tëscht “simultaner” a “sukzessiver” Méisproochegkeet?

De gréissten Deel vun de Mënsche wiisst méisproocheg op. Ganz generell kënne mer tëscht zwou Forme vu Méisproochegkeet ënnerscheeden.

Déi natierlech oder simultan Méisproochegkeet bedeit, dass d‘Kand vu Gebuert un doheem mat méi wéi enger Sprooch opwiisst. E Kand, dat zum Beispill doheem mat senger Mamm Lëtzebuergesch a mat sengem Papp Italienesch schwätzt, léiert béid Sprooche gläichzäiteg a ganz natierlech vu klengem un. Dës Form vu Méisproochegkeet kann een och fréi Zweesproochegkeet nennen. Déi sukzessiv Méisproochegkeet heescht, dass d‘Kanner doheem mat enger Sprooch opwuessen an ausserhalb vun der Famill, zum Beispill duerch d‘Schoul oder d‘Crèche, eng zweet Sprooch respektiv méi aner Sprooche léieren. E Kand, dat zum Beispill doheem mat béiden Eltere Portugisesch schwätzt, am Cycle 1 Lëtzebuergesch léiert, am Cycle 2 dann Däitsch an am Cycle 3 Franséisch léiert, léiert sukzessiv wärend der Grondschoul dräi nei Sprooche schwätzen, liesen a schreiwen.

Dëst ass de fënneften Artikel vun eisem Adventskalenner 2019. Dir fannt en och an der Ausgab #6 vum LEARN Newsletter (2017): https://learn.uni.lu/newsletter/

Adventskalenner 2019

Nr. 5

claire

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *