„Eins, zwei, drei, Polizei“: vu Sprooch, Sproochen a Rechnen

Learn Blog

„Eins, zwei, drei, Polizei“: vu Sprooch, Sproochen a Rechnen

Eins, zwei, drei, Polizei; vier, fünf, sechs, alte Hex“ ass ee Reim, deen oft an der Spillschoul benotzt gëtt, fir d’Kanner spilleresch un d’Zuelen erunzeféieren.

Dass de Reim op Däitsch ass, empfanne mir Erwuessener oft net als schlëmm, respektiv net als esou wichteg fir de Léierprozess. Hei geet et den Elteren an Enseignanten oft éischter ëm de musikaleschen a spillereschen Aspekt vun deem Reim. A mir als Erwuessener hu jo och kee Problem, fir ze wëssen, dass „eins, zwei, drei“ dat nämmlecht bedeit wéi „eent, zwee, dräi“.

Mee ass dat och fir déi concernéiert Spillschoulskanner esou? Mécht et fir e lëtzebuergescht Kand näischt, wann et am Allgemengen doheem an an der Schoul Zuelen an Zielen op Lëtzebuergesch léiert an dann awer esou kleng Zielreimen och op eng aner Sprooch präsentéiert kritt? Wat ass den Impakt vun dësem Sproochemix op de Kanner hiert Zuelen- a Mathéleieren? A wéi een Afloss huet d’Gebrauche vu ville Sproochen op d’Zuelen- a Mathéleiere vu Kanner, déi net Lëtzebuergesch, mee soss eng oder esouguer e puer aner Sproochen doheem schwätzen?

Déi kuerz an natierlech frustréierend Äntwert ass hei leider (nach): Mir wëssen et net! Et gëtt zwar verschidden éischt Indikatiounen aus der internationaler Fuerschung, dass verschidde Sproochesituatiounen d’Zueleléieren a -verstoe méi liicht oder méi schwéier maache kënnen. Zum Beispill wësse mer haut, dass Kanner, deenen hir Mammesprooch d’Kategorien „eent“, „zwee“ an „méi“ auserneenhalen, an der Moyenne méi séier de Konzept vun „zwee“ verstinn ewéi Kanner, deenen hir Mammesprooch „zwee“ an „méi“ net explizitt auserneenhält. Mä wat geschitt, wann e Kand méisproocheg ass, ass leider nach net gewosst.

Dofir brauche mer – och besonnesch hei zu Lëtzebuerg – dringend méi Fuerschung zu dëse Froen. Mir hunn dofir op der Uni.lu och ugefaangen, ganz aktiv dës an änlech Froen iwwer den Afloss vun der Méisproochegkeet op d’Zuelen- an d’Mathéleiere mat aktuelle kognitiv-neurowëssenschaftleche Fuerschungsmethoden ze erfuerschen. Eist Zil ass et, fir an den nächste Jore vill besser ze verstoen, wéi d’Sprooch an d’Sproochen dat (pre)mathematescht Léiere beaflossen, fir dass mer op Grond vun dësen Erkenntnisser d’Léiersituatiounen an d’Programmer esou gutt wéi méiglech kënnen un de Kanner hir Méiglechkeeten a Schwieregkeeten upassen.

Dëst ass de sechsten Artikel vun eisem Adventskalenner 2019. Dir fannt en och an der Ausgab #6 vum LEARN Newsletter (2017): https://learn.uni.lu/newsletter/

Adventskalenner 2019

Nr. 6

LEARN

Leave a Reply

Your email address will not be published.