Wat ass EEG?

Learn Blog

Wat ass EEG?

D‘Elektroenzephalographie (EEG) ass eng harmlos Method, déi et eis erlaabt d’elektresch Aktivitéit vum Gehier ze moossen.

Fir déi schwaach elektresch Gehierstréim z’erfaassen, gi 64 Elektroden a Form vun enger Aart Mutz op de Kapp gesat an duerch Gel mat der Kapphaut a Verbindung bruecht. Wann d’Signal dann nach verstäerkt gëtt, kann ee verschidde Welleformen erkennen, di typesch fir eis Gehieraktivitéit sinn. An der Wëssenschaft ginn EEG-Stréimunge wärend verschiddenen Aufgabe gemooss, wéi z.B. wärend dem Kucke vun Zuelen oder Buschtawen. Dës evozéiert Potenzialer kënnen zäitlech ganz präzis doriwwer informéieren, wéini d’Gehier wärend de verschiddenen Aufgaben aktiv ass.

Dëst ass de siwenten Artikel vun eisem Adventskalenner 2019. Dir fannt en och an der Ausgab #1 vum LEARN Newsletter (2012): https://learn.uni.lu/newsletter/

Adventskalenner 2019

Nr. 7

claire

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *