E kognitive Virdeel fir méisproocheg Kanner?
Am Ufank vum 20. Joerhonnert ass gefaart ginn, dass d’Opwuesse mat méi wéi enger Sprooch negativ Konsequenzen hätt, respektiv esouguer mat geeschteger Behënnerung verbonne wier.
Um Enn vum 20. Joerhonnert goufe Studie publizéiert, déi an déi entgéintgesate Richtung gaange sinn. Méisproocheg Kanner hätten deemno Virdeeler an den Exekutivfunktiounen, déi wichteg si fir d‘Léieren. Mee och dës Resultater si rezent ëmmer erëm a Fro gestallt ginn.
An enger Ëmfro vun der Europäescher Kommissioun hunn 98 % vun de Leit zu Lëtzebuerg uginn, op d’mannst zweesproocheg ze sinn. Wéi een Impakt huet dës Méisproochegkeet op d‘Léieren?
Dëser Fro si mir mat Hëllef vun Donnéeën aus den Épreuves Standardisées aus dem 1. Schouljoer (C2.1) nogaangen. 2015 hu 5479 Kanner aus dem C2.1 deelgeholl. D’Tester hu lëtzebuergescht Héierverstoen, Mathematik a Virleeferkompetenze vum Liesen a Schreiwen evaluéiert. Mir hunn eis bei den Analysen op zwou Gruppe konzentréiert: Kanner, déi mat hiren Elteren nëmme Lëtzebuergesch schwätzen, a Kanner, déi mat hiren Eltere Lëtzebuergesch plus eng weider Sprooch schwätzen.
Déi zwou Gruppen ënnerscheeden sech signifikativ an allen dräi Kompetenzen. Kanner, déi doheem just Lëtzebuergesch schwätzen, schneide bei all den Tester besser of wéi déi, déi doheem nieft dem Lëtzebuergeschen nach eng aner Sprooch schwätzen.
Well mer d’Exekutivfunktiounen net geziilt gemooss hunn, kënne mer net soen, ob déi méisproocheg Kanner hei eventuell besser ofgeschnidden hätte wéi hir monolingue Klassekomeroden. Mee esouguer wann dëst de Fall gewiescht wier, schéngt dat sech net op hir Schoulleeschtungen nidderzeschloen.
Méisproochegkeet huet vill Virdeeler. Mir kënnen doduerch mat ville Leit souwuel hei am Land a soss an der Welt kommunizéieren. Dat verschaaft eis Avantagë souwuel am private wéi och am professionelle Beräich. Allerdéngs weisen eis Resultater, dass méisproocheg Kanner net besser an de klassesche Schoulkompetenzen ofschneide wéi Kanner, déi doheem just Lëtzebuergesch schwätzen.
Den Text ass vum Danielle Hoffmann.
Dëst ass den dräianzwanzegsten Artikel vun eisem Adventskalenner 2019. Dir fannt en och an der Ausgab #7 LEARN Newsletter (2018): https://learn.uni.lu/newsletter/
Adventskalenner 2019
Nr. 23