Wat ass en Trainingseffekt?

Learn Blog

Wat ass en Trainingseffekt?

Fir kënnen Aussoen doriwwer ze maachen, ob e speziellen Training och wierklech eppes bréngt, muss een e wëssenschaftlech evaluéieren.

Ganz spezifesch kuckt een dann, ob sech fir ee bestëmmten Training e sougenannten „Trainingseffekt“ beobachte léisst. Dofir muss een eng Etüd maachen, wou een den Training asetzt a wou een da mat wëssenschaftleche Methoden, wéi zum Beispill klengen Tester, kuckt, ob d’Kanner nom Training besser sinn ewéi virdrun. Well Schoulkanner nach staark an der Entwécklung sinn, ass et wichteg, eng sougenannte „Kontrollgrupp“ mat anzebezéien, fir eng Ausso iwwer den Effekt vun engem Training ze maachen.

Dat ass dann eng Grupp vu Kanner, déi keen oder en aneren Training maachen. Dëst erlaabt ze gesinn, wat déi „normal“ Entwécklung ass, fir se da mat der Entwécklung nom Training ze vergläichen. Dat heescht also, wa mir elo gesinn, dass Kanner no eisem Training besser si wéi déi Kanner, déi en aneren oder keen Training gemaach hunn, kënne mir vun engem Trainingseffekt schwätzen, deen eis erlaabt ze soen, dass eisen Training och wierksam ass.

Dëst ass den néngten Artikel vun eisem Adventskalenner 2019. Dir fannt en och an der Ausgab #5 vum LEARN Newsletter (2016): https://learn.uni.lu/newsletter/

Adventskalenner 2019

Nr. 9

claire

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *